Comité 2019-2020

Geschter Owend (27/03/2019) hat den BBC Bascharage Hedgehogs op seng Assemblée Générale inviteiert. an seet all den Participants en decken Merci.

Et war eng AG dei dës keier matt ganz vill Emotiounen ofgehaalen gin ass.

Eisen Président Richard Sturm huet an senger Fonktioun als Président, dei hien 13 Joer matt Bravour gemeeschter huet, opgehaalen.

No engem emouvaten an flotten Reckbleck iwert seng Presidenten-Zait huet den Yves Benny Baratte d'Relève vum President iwerholl.

Dem neien President seng eischt offiziell Handlung war dann fir den Richard als « Eirenpresident » virzeschloen wat natirlech vun der ganzer AG ugeholl gin ass.

Et ass och ze vermierken dass dat den 1’schten Eirenpresident an der Klubgeschicht ass.

Eisen Comité stellt sech elo wei folgt zesummen:

  • President Yves Baratte,

  • 1’ten Vize President an Eiren President Richard Sturm,

  • 2’ten Vize President Mike Watgen,

  • Secretaire Cindy Kappler Fiorese,

  • Tresorirer Fabienne Hermes Valente,

  • Event Manager Guy Ferber.


Den BBC Bascharage Hedgehogs seet all den Benevolen, dei des Saison mattgewierkt hunn nach emol en decken Merci.

« We Are One Team » -WAOT-










20 vues

©2019 by BBC Bascharage Hedgehogs.

Proudly created with Wix.com