Titre 1

Titre 1

Oktober Festiessen mat den Hedgehogs

den 23 Oktober 2020 um 19:00 am Festsall zu Kënzeg.

 

Umelden

"Vill Platz, mat Aschränkungen, trotzdeem genéissen a Spaass hunn".


D'Hedgehogs féieren dëst Joer hiert éischt Oktober Festiessen zu Kënzeg am Festsall den 23. Oktober 2020.

Wéinst de Covid-19 Moossnamen (www.covid-19.lu) musse mir dëst leider méi kleng gestalten a mat puer Aschränkungen.

D'Oktoberfest Iessen ass limitéiert 100 Léit op 10 Dëscher. 

Mat allem wat zu engem Oktober Festiessen gehéiert: Wiesen-Hits esou wéi Oktober Schlagermusek gëtt vun eiser Stëmmungskanoun de "Christian du Coin" opgeluecht, Béier, Haxen, Händl, Bretzel, Ambiente...

-
Starterplatto Lëtzebuerger Aart fir 2 Léit ass 17€ - Mat Lëtzebuerger Spezialitéiten
- Menü ass 49€  - Menü Haxe oder Händel - Dessert - Kaffi - Shot - Tombola.


Béi der Entrée begleet de Serveur iech un den Dësch, den dann och de Service fir ären Dësch assuréiert.
Wéinst den Aschränkungen zerwéieren mir de Béier, de Wäin an de Schampes nëmmen an der Fläsch.
Mir zerwéieren a Becheren déi dann nëmmen emol benotzt ginn.
Dir kennt awer gären äert Glas, fir den Owend, géint Kautioun kréien.



- D'Entrée ass um 19:00
- De Service vum Menü ass vun 20:00 bis 21:30
- Mussen leider Musek um 23:45 ausmaachen
- Dieren mussen mir um 24:00 zou maachen


Am Sënn vun engem gudden zesummen feieren bieden mir dech Covid-19 Moossnamen ( https://leaevents.lu/covid-19/ ) ze respektéieren.
Bei net Respekt vun den Covid-19 Moossnamen musse mir dech leider bieden de Sall ze verloossen.