Home

05/02/2012 - Racing - HEDGEHOGS 67-99 (43-54)

D'Partie um Lampertsbierg hat vun Ufank un e bessen den Charakter vun engem Kirmesmatch. De Racing, ouni Ami, hat keen den se dem John an dem Antonio an de Wee hätte stellen kinnten, an esou waren et och déi Zwee déi d'Differenz gemaat hun.

Den éischten Véierel ass op denen zwou Seiten mat openem Viséier gespillt gin. Mer hun eis éischt véier Wörf getraff, mee den Racing konnt do mathaalen. Sie hun einfach alles opgehait wat se an den Grapp kruten an esou laang se getraff hun sin se am Match bliwwen. Dat ass ongeféier 5 Minuten laang gudgaangen, dono hun den John an den Antonio definitiv de Kommado iwwerhol an mat enger draamhafter Secherheet Punkt fir Punkt gesammelt. Niewt 6 Punkten hat den Antonio am éischten Véierel schon 3 Blocken opzeweisen.

Am zweeten Véierel huet den Racing nach emol alles op eng Kaart gesaat an et ass mat zwee Drëtter noeneen lassgaangen. Dat huet bei eis en bessen Androck gemaat, an mer hun d'Liichtegkeet aus den Ufanksvéierel vermessen geloos. Just den John konnt zimmlech maachen wat en wollt an hat an der Paus schon 23 Punkten um Compteur. Well déi Stadter awer weiderhin zimmlech gudd getraff hun konnten sie den Véierel ausgeglach gestalten.

No der Paus war awer Schluß mat denen Spillereien an mer sin seriö derwidder gaangen. Wann nach een Racingspiller/supporter un eng Victoire vun senger Equipe gegleewt huet, ass en do séier berouegt gin. Den Match ass mat engem iwwerzeegenden 3 Véierel vun eis entscheed gin.

Zum Schluß dann krut (wéi emmer) jiddereen d'Chance sech ze weisen. Dat ass ouni grouß Aboußen iwwert Bühn gaangen. Um Enn huet een hongeregen Pinktchen gefehlt fir den éischten Honnerter vun der Saison perfekt ze maachen. (muh)

 

Véierel: 17-26; 26-28; 11-21; 13-24.

 

Punkten

John Holmes 33 Fernand Musquar 5
Antonio Chibundunca 17 Anderson Borbon 5
Ivan Tomas 14 Yannick Kocks 4
Nico Colbach 8 Semir Osmanovic
Arnes Osmanovic 7 Gabriel da Veiga
Yvan Neves 6 Christian Di Cato

 

 

 

Sponsors principaux

Agenda

Search

Scoreboard

Hären A - National 2

Racing - HEDGEHOGS   67 : 99

Hären B - 1 Divisioun

HEDGEHOGS B - Contern B   57 : 79

Cadets - Division 2

HEDGEHOGS - Racing   62 : 64

Scolaires - Division 1

HEDGEHOGS - Steesel   37 : 83

Minis A - Division 3A

HEDGEHOGS A - Zolwer   38 : 31

Minis B - Division 4

HEDGEHOGS B - Diekirch   38 : 29

Fillettes - Division 2

Sparta - HEDGEHOGS   64 : 24

Poussins A - Groupe Knicks

HEDGEHOGS - Steesel   49 : 38

Poussins B - Groupe Lakers

HEDGEHOGS B - Zolwer   48 : 27

Poussines - Groupe Celtics

Hostert - HEDGEHOGS   30 : 23

Pré-Poussins A - Groupe Sonics

Hiefnech - HEDGEHOGS A   32 : 42

Pré-Poussins B: Groupe HEATS

Contern B - HEDGEHOGS B   19 : 47

All results

© 2008 BBC Hedgehogs - Tous droits réservés | Webdesign réalisé par E-connect.lu. Référencement réalisé par PlaZa.lu.